Diploméiert Erzéier (w/m/x) - SEAI Kokopelli

APEMH
Job location: Bettembourg
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg, diploméiert Erzéier (w/m/x) - CDI Deelzäit an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Den inklusiven Educatiouns- an Betreiungsservice Kokopelli, huet als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren.


Als Member vun eisem pluridisziplinären Team, hu dir folgend Aufgaben:

  • Kanner an hirem Alldag ennerstetzen an begledden.
  • Diversifiéiert Spill-an Léiergeleeënheeten organiséieren.
  • Zesummenliewen encadréieren, hellefen dass all Kand seng Platz fennt an matmachen kann.
  • Eng vertrauensvoll an zouverlässeg Person fir d‘ Kanner an hir Elteren sin.


Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin !

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn (fir diploméierten Erzéier)
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Staarken Teamgeescht hunn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  • de Führerschäin Klass B hunn



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back