CJF_20250128 - 1 Erzéier (m/w/x) - 40 St/Woch - CDI - Centre de Ressources BIBLIOBUS - Léiwéng

Caritas Jeunes & Familles
Job location: 3378 Livange
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi zanter méi wéi 38 Joer besteet an iwwert 700 Mataarbechter huet.

Eis Missioun ass et, d'Zukunft vun Äre Kanner a Jonken zesummen ze gestalten. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l.. Eis Aktivitéiten, Projeten a professionel Haltungen baséieren op de Prinzipie vun der Solidaritéit, der Wertschätzung an dem géigensäitege Vertrauen.

Vir d’Ekipp ze verstäerke, siche mir 1 passionéierten a motivéierte Mataarbechter fir eise Centre de Ressources BIBLIOBUS.


De Bibliobus ass eng mobil pedagogesch Offer fir Betreiungsstrukturen am Beräich Sprooch, Sproochenerwerb a Literatur, spezialiséiert op d'Alterskategorie vun 0-4 Joer.


Missioun:


D’Missioun vum Bibliobus ass d’Fachpersonal aus de Betreiungsstrukture landeswäit an der Entwécklung vun der méisproocheger Bildung ze begleeden, esou wéi eng positiv Haltung géigeniwwer Sproochen a Bicher ze vermëttelen an dofir suergen dass d’Praxis dem jeeweilege Beräich vum Bildungsrahmenplan entsprécht.


Profil: 

• Fundéiert Wëssen a Verständnis vum soziale Secteur, speziell am Klengkandberäich

• Erfarung um Terrain (Crèchen / Maison Relais)

• Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schrëftlech a mëndlech beherrschen, all zousätzlech Sprooch ass en Atout

• Interessi u Kannerliteratur

• Erfarung an der Qualitéitsentwécklung a Qualitéitssécherung

• Empathie a Feigefill

• Kontaktfreedeg, extrovertéiert, innovativ

• Pünktlech, flexibel a mobil

• Kreativ, teamfäeg an organiséiert

• Am Besëtz vun engem unerkannten Diplom, B-Führerschäin an Éischt-Hëllefs-Cours sinn

 

Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : www.cjf.lu


D’Leit ginn nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt (Carrière C4).


En Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.


Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD)

Go back

Rue Geespelt11-13
3378 Livange
Contact person
Service RH

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply