Chargé(e) de Direction (op onbestëmmt Zäit, 40 Stonne/Woch – CCT SAS) - vum 15. Juni 2024 un

Foyer Bamerdall Diekirch a.s.b.l.
Job location: 9209 Diekirch
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social work Managment/Human Resources

Go back

D’Aarbechtsplaz: De Foyer Bamerdall – en Haus an deem maximal 10 Persoune mat intellektuelle Beanträchtegungen iwwer eng net festgeluechten Zäit doheem sinn, an déi vun enger Ekipp vu sozialpädagogeschen a fleegeresche Spezialisten an Spezialistinnen am Alldag begleet gi mat dem Zil, wärend hirem Openthalt eng méiglechst grouss Autonomie ze erreechen.

Ausserdeem betreit d’Ekipp ze Dikrech op verschiddene Plazen, ausserhalb vum eigentleche Foyer, a sengem Service “Suivi Social” momentan 7 Mënsche mat engem méi héije Grad vun Autonomie, déi, ofhängeg vun hire Kompetenzen a Beanträchtegunge, reegelméisseg oder punktuell Ënnerstëtzung am Stot, Administratioun, Gesondheet, Arbecht a Fräizäit an Usproch huelen.

Haapt-Aufgabeberäicher:

  • Leedung, Organisatioun a Koordinatioun vun den Aktivitéite vun der Associatioun, speziell d’Féierung, Ënnerstëtzung a Begleedung vun enger multidisziplinärer Ekipp aus Beruffer vun der Erzéiung a Fleeg
  • Ausschaffen a Weiderentwéckle vum pedagogesche Konzept am Sënn vun der UN-Konventioun zu de Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung an dem ASFT-Gesetz
  • Ausschaffen an Duerchféiere vu Fleegepläng no de Virgabe vun der Fleegeversécherung
  • Suerge fir eng héich Qualitéit vun de Liewenskonditioune vun de betreite Persounen
  • Matschaffen an der konkreter Betreiungsaarbecht
  • Kommunikatioun mat den Administratiounen a Verbänn

Äre Profil:

  • Dir hutt en ze Lëtzebuerg unerkannte Diplom als Bachelor oder Master am sozialen oder erzéieresche Beräich.
  • Dir hutt eng méiglechst laang Beruffserfarung am erzéieresche Beräich, speziell am Zesummenhang mam Accueil an der Fërderung vu Mënsche mat geeschtege, psycheschen oder sozialen Defiziter.
  • Dir beherrscht déi dräi ze Lëtzebuerg gebraucht Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
  • Dir beherrscht déi gebräichlech informatesch Instrumenter.
  • Dir hutt e Bewosstsinn a Kompetenze fir Responsabilitéit an Organisatioun.
  • Dir hutt en oppent Ouer fir är Mataarbechter.
  • Dir kënnt gutt beobachten a jee no Situatioun geplangt oder spontan handelen a reagéieren.
  • Dir kënnt autonom an an der Ekipp handelen.
  • Dir hutt e gëltegen Autos-Führerschäin.

Wei kannn ech mech bewerben?

D’schrëftlech Demande mat Liewenslaf a Kopie vun den Diplomer si bis de 25. Mäerz 2024 ze riichten un de:

Foyer Bamerdall
146, rue Bamerthal
L-9209 Diekirch

D’Demande kënnen och u follgend Adress gemailt ginn: [email protected]

Et gëtt eng éischt Selektioun unhand vun den Dossiere gemaach.

Bei enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Go back

Foyer Bamerdall Diekirch a.s.b.l.
146, rue Bamerthal
9209 Diekirch
Contact person
Marc Reckinger
Phone 808725

Go back

Apply online

Please calculate 4 plus 5.

Go back