De Parc Merveilleux, en Déieren- a Kannerfraizäitpark dee vun der APEMH geleet gëtt, sich Saisonnier’en fir 2025 am CDD – Deelzäit oder Vollzäit
Dir hutt Loscht bei der gréisster lëtzebuergescher Touristenattraktioun ze schaffen, dann zéckt net Är komplett Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif,...) ze schécken:
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Är Missiounen :
- Ee professionellen Empfaang vun eisen Clienten assuréieren
- Informatioun vun eise Clienten sur Place
- Verkaf vun Entréestickets, Jetons a Souveniren
Obligatoresch Ufuerderungen
- Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ
- Dir verfüügt iwwert Erfarung
- Dir kennt eegestänneg an organiséiert schaffe
- Déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen
- Teamfäegkeet, Engagement, Respekt a frëndlechen Ëmgang mat eise Visiteuren
Vun Virdeel sinn:
- Englesch Sproochkenntnisser
