Assistant social (M/F/D) - Service „Riicht Eraus“ - Lëtzebuerg - CDI - 20h

Croix-Rouge luxembourgeoise
Job location: Luxembourg-Ville
Job type: Permanent contract Part time
Category: Social work
Chiffre: 5204

Go back

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

 

Assistant Social’en (M/F/D) – Referenz: 5204

De Service « Riicht Eraus » vun der Croix-Rouge, deen als Missioun d’psychologesch Berodung vun Täter vu Gewalt am Stot huet, ass op der sich no zwou Assistant Social’en.

 

Aarbechts Konditiounen:

  • CDI-Kontrakt fir en Ufank sou séier wéi méiglech
  • Mat enger Stonnenzuel vun 20 Stonnen d’Woch
  • Ënnert CCT-SAS Kollektivvertrag, Karriär C6
  • Aarbechtsplaz: Lëtzebuerg-Stad

 

D’Missiounen:

  • Als Assistante Sociale wäert Dier de soziale Volet an dësem Service iwwerhuelen an dem Begënschtegen ee psycho-sozialen Accueil, Begleedung an Ënnerstëtzung ubidden
  • Enk mat deenen anere Membere vum Service Riicht Eraus zesumme schaffen an Iech reegelméisseg austauschen
  • Gespréicher féiere mat de Begënschtege vum Service Riicht Eraus an esou ee Kontakt hierstellen deen ouni Jugement ass an op Vertrauen a Bienveillance baséiert
  • Individuell Besoin'e vun alle Begënschtegen erkennen an se iwwert di néideg Informatioune fir Ulafstellen a Rechter opklären
  • D’Begleedung vun de Begënschtegen an hirem Denkprozess an Decisioune wärend deene verschiddenen administrativen Demarchen
  • An engem aktiven Netzwierk mat aneren Acteuren an Organisatioune schaffen
  • Deelhuelen un der Weiderentwécklung an dem Projet vum Service Riicht Eraus an esou de Kampf géint heislech Gewalt ënnerstëtzen

 

Profil:

  • Dir besetzt een Diplom als Assistant Social an d’Erlabnis a Lëtzebuerg ze exerzéieren
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch a Franséisch. Englesch, Däitsch an all zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Professionell Erfarungen an der Aarbecht mat Täter vu Gewalt ass vu Virdeel
  • Dir besetzt gutt Kenntnisser vum lëtzebuergesche Soziale Reseau
  • Dir kennt gutt nolauschteren, sidd empathesch a kommunikativ
  • Dir hutt Teamgeescht a sidd engagéiert
  • Dir sidd flexibel an de Schaffzäiten
  • Dir maîtriséiert di gängeg informatesch Outil’en
  • Dir hutt e Führerschäin

 

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Go back

44, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact person
Service Recrutement

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply