Assistant social, m/f, CDI, temps plein ou temps partiel

Autisme Luxembourg
Job location: L-8522 Beckerich
Job type: Part time Full time
Category: Social work

Go back

Autisme Luxembourg asbl sicht:

Fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Biekerech siche mir :

· En Assistant social (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit

Mir bidden Iech :

· E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.

· Eng Aarbecht an engem deelweis néi zesummegesaaten, multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.

· Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.

· Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

· Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?

· Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?

· Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?

· Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?

· Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?

Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee !

Mir freeën eis op Är Kandidatur

Go back

www.autisme.lu
1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Contact person
Marc De Geest

Go back

Apply online

What is the sum of 1 and 3?

Go back