Aide-soignant oder diploméierten Erzéier (w/m/x) – Haus Näidsen 1

APEMH
Job location: Näidsen
Job type: Permanent contract Part time
Category: Other jobs

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Näidsen 1, een Aide-soignant oder diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI 20 Stonnen/Woch - fir ab dem 01.05.2025.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  •  am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/ Autorisation d'exercer sinn (Erzéier, Aide-soignant)
  •  Beruffserfarung hunn
  •  Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  •  iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  •  eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  •  déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  •  de Führerschäin Klass B hunn


Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back

Did you apply for this job?

Aide-soignant oder diploméierten Erzéier (w/m/x) – Haus Näidsen 1 at APEMH

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply