De Parc Merveilleux, en Déieren- a Kannerfraizäitpark dee vun der APEMH geleet gëtt, sich Saisonnier’en fir 2025 am CDD – Deelzäit oder Vollzäit
Dir hutt Loscht bei der gréisster lëtzebuergescher Touristenattraktioun ze schaffen, dann zéckt net Är komplett Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif,...) eran ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Är Missiounen :
- Empfaang vun eise Client op de Spiller: Poney Express a Mini-Cars
- D’Bedénge vun de Spiller
- D’Surveillance vun de Spiller an de Visiteuren
- D’Spiller propper halen
Obligatoresch Ufuerderungen
- Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen
- Teamfäegkeet, Engagement, Respekt a frëndlechen Ëmgang mat eise Visiteuren
