Är Aufgaben:
* Maintenance vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen a sanitären Installatiounen
* Divers deeglech Handwierksaarbechten a Reparaturen
* Kleng Plënneraarbechten
Äre Profil:
* Een CATP / DAP als Elektriker oder Installateur
* Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher (Elektriker-, Ustrach-, Schräiner-, Installateursaarbechten,…)
* Beruffserfahrung ass vu Virdeel
* Zouverlässegkeet, Diskretioun, Kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
* Disponibilitéit, Dynamismus, Exaktheet, Organisatiounssënn
* Zwou vun deenen 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F)
* Computerkenntnisser (MS-Office) si vu Virdeel
Mir bidden:
* Eng villfälteg an ofwiesslungsräich Aarbecht
* Een dynamescht Aarbechtsemfeld
* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Casier judiciaire no 4 a 5
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscour
Delai fir d'Kandidatur: 20.2.2025
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)