1 Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d)

Fondation Kannerschlass
Job location: Uebersyren
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue Other jobs
Chiffre: SA-CDG-KIW

Go back

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

1 Sozialpädagoge / Gruppechef (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz: SA-CDG-KIW

Dëse Posten gëtt ugebueden am Kader vun eiser stationärer Ariichtung zu Bartreng. Am Foyer wunne 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am  Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

De Gruppechef ass zousätzlech fir d’Leedung vu senger Ekipp an déi spezifesch administrativ Aufgaben am Foyer verantwortlech.

Missiounen

  • leedung an Encadrement vun der Ekipp, dëst am regelméissegen Austausch mat senge Virgesetzten;
  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen;
  • Beherrsche vun der lëtzebuerger oder der däitscher Sprooch, all weider Sprooch ass vu Virdeel;
  • Fürerschäin B;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 15. Mäerz 2024 mat der Referenz
SA-CDG-KIWun d’Mailadress: [email protected]

Go back

Fondation Kannerschlass
12, rue Churchill
L-4434 Soleuvre
Contact person
Rachel Sebastiani

Go back

Apply online

Please calculate 6 plus 1.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply