Op der Schock, société coopérative stellt an:
Fir de Gäertnerberäich an eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden siche mir
1 zousätzleche Landschaftsgäertner (m/f/n), CDI 40 St./Woch – REF: COOP202503
Missioun:
- Encadrement a Leedung vun enger Equipe vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an der Landschaftsgäertnerei
- Zesumme mat der Equipe Gäertneraarbechten fachgerecht duerchféieren
- Kompetent Berodung vum Client
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Landschaftsgäertner (DAP oder equivalent) oder Beruffserfarung am Beräich vun der Landschaftsgäertnerei a gutt Basiskenntnisser vun dëser Aarbecht
- Zertifizéiert Weiderbildungen am Landschaftsgäertnerberäich si vu Virdeel
- Fundéiert Planzekentnisser
- Fundéiert Kenntnisser am Ëmgaang mat Maschinnen (Heckeschéier, Freischneider, etc.)
- Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Loscht, sech an engem dynameschen a motivéierten Team ze engagéieren
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- CDI
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B an BE
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
