1 Infirmier (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Op der Schock
Job location: 9169 Mertzig
Job type: Permanent contract Full time
Category: Nurse
Chiffre: ASBL202502

Go back

Op der Schock, asbl stellt an:

1 Infirmier (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg – REF: ASBL202502

Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • De medezinesche Suivi vun de betreiten Persounen an hierem Dossier assuréieren
  • Medikamenter stellen a kontrolléiren
  • Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren


Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren
  • Bereetschaft, och weekends an owes ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossierë gemaach

Fir weider Informatioune kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: [email protected]

Go back

6, rue de Dellen
9169 Mertzig
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

Please calculate 3 plus 4.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply