D’asbl Op der Schock stellt an:
1 Gestionnaire Ressources Humaines (m/f/n), CDI 20St/Woch, fir eise Site zu Réiden – REF : ASBL202508
Deng Missioun:
- Salairesgestioun unhand vum Logiciel Keypaye
- Administrative Suivi vun den Dossiere vun de Mataarbechter
- Administrative Suivi vun den externen an interne Formatioune
- Hëllefsaarbechten am Beräich vum Rekrutement
- Administrativ Gestioun vun de Stagen
- Sekretariatsaarbechten am Beräich vun de Ressources Humaines iwwerhuelen, ënner anerem:
- Courrier/Attestatioune virbereeden a fortschécken
- Dokumenter ascannen a klasséieren
- Lëschte virbereeden an aktualiséieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Diplom Niveau BAC (secondaire classique ou secondaire générale)
- Kenntnisser an der Salairesberechnung
- Gutt Kenntnisser am Logiciel Keypaye
- Kenntnisser am Logiciel Keyformation si vu Virdeel
- Gutt Kenntnisser vu Word, Excel an Outlook
- Frëndlechkeet, Gedold an Diskretioun
- Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Zouverlässegkeet a gewëssenhaft Schaffen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Loscht sech an engem Team ze engagéiren
- Gutt Sproochkenntnisser – Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Konditiounen:
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
