D’Lënster Päiperlék asbl sicht:
Fir hiren SEA Päiperlék Jonglënster (20, Rue du Village L-6140 Junglinster)
1 édukativen Mataarbechter (m/w/d) (C3 - C6) 20/Woch CDI
(Ref.: RH-JGL-20/CDI/2024-11)
Mat Kanner am Alter vu 3-12 Joer vu Méindes bis Freides vu 07:00 bis 19:00 Auer.
Profil :
Dir schafft gär mat Kanner,
Dir hutt e gudden Organisatiounssënn,
Dir hutt Eegeninitiativ, sidd kreativ, an hutt Humor,
Dir sidd bereed iech weiderzebilden,
Dir sidd teamfäheg an flexibel an Ären Aarbechtszäiten.
Ufuerderungen:
Dir hutt een an Lëtzebuerg unerkannten Diplôme (C3 - C6)
Dir beherrscht Lëtzebuergesch (C1), Däitsch (C1), Franséisch (C1) an Englesch (B2).
Erfarung am Secteur ass vun Virdeel
Een aktuellen Eischt-Hëllefs-Cours ass vun Virdeel (oder gëtt no der Astellung gefuerdert)
Ee Führerschein Catégorie B ass vun Virdeel
Mir bidden:
Eng Astellung ënnert dem SAS – Kollektivvertrag
Aarbecht an enger dynamischer an motiveierter Ekipp
Gutt Weiderbildungskonditiounen
Eng familiär Ambiance
Ee multidisziplinäert Aarbechtsfeld
All Demande mat Motivatiounsschréiwes an engem CV sinn bis den 20. Dezember 2024 anzeschécken.
Mat Ärem Dossier gëtt eng Pré-Selektioun gemaach. Bei enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefroot.
Adresséiert Är Demande (mat Referenz) un:
SEA Päiperlék Jonglënster – Mme. Claire Rodenbourg
20, rue du Village
L- 6140 Junglinster
TEL.: 26 78 26 67
Email : [email protected]