1 Coordinateur fir eis Kichen (m/f/n), CDI 30-40St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

Op der Schock
Job location: 8508 Redange
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Catering & Cafeteria Social work

Go back

Op der Schock, société coopérative stellt an:

1 Coordinateur fir eis Kichen (m/f/n), CDI 30-40St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

Deng Missioun:

An engem Team vu Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock.

De Schwéierpunkt vun denger Aarbecht läit an der Leedung vum Kicheberäich:

- Leedung vum Team

  • Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen
  • Leedung vun Teamversammlungen
  • Féierung vu Mataarbechtergespréicher

mat der Ënnerstëtzung vu pädagogesche Mataarbechter:

  • Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise betreite Mataarbechter upassen
  • Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenaarbecht mam Team
    Fërderung vun de Kompetenze vun de betreite Mataarbechter

- Qualitéitsgestioun an Organisatioun vun der Produktioun:

  • Op eng gesond an equilibréiert Ernärung oppassen
  • Fir eng gutt Qualitéit an eng uspriechend Presentatioun vun eise Produit’en suergen
  • Wäert léen op eng héichwäerteg Matière première, mat Schwéierpunkt op Produit’en vu regionale Produzenten an/oder biologescher Kultur
  • Käschtenopstellungen maachen
  • Austausch a Verhandlunge mat Fournisseuren
  • Nei Produkter mat entwéckelen

- Berodung an Austausch mat Client’en

- Nei Aktivitéiten am Kicheberäich mat opbauen an di besteeënd Beräicher weider ausbauen, dëst virun allem am Kader vun eisem Ausbauprojet vun den Ateliers d’inclusion professionnelle.

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrénge solls:

  • Ee Leadership, wat gepräägt ass duerch eng gewaltfräi Haltung, eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht, Kloerheet an Zilgeriichtheet
  • Fäegkeet, eng Diskussioun konstruktiv an zilorientéiert ze leeden
  • Fäegkeet, Freed a Motivatioun, den Equippegeescht ze fërderen
  • Ee wohlwollenden a wäertschätzenden Humor
  • Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,)
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Gutt PC-Kenntnisser
  • Kenntnisser vun den Normen HACCP
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom Niveau BTS oder Bachelor am Beräich Management an der Restauratioun
  • Beruffserfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung si vu Virdeel

Wat mir dir bidden ?

  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Aschaffen vun der Direktioun an deenen anere Memberen vum Leedungsteam
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS

Konditiounen:

  • CDI
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B an BE
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
    Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg, Casier) un:

Op der Schock - Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 18 81

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

Please calculate 4 plus 4.

Go back