1 Online Streetworker/Medienpädagog (M/W/D)

respect.lu - SOS Radicalisation asbl
Job location: Hesperingen
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social Work > Social Worker Social Work

Go back

respect.lu sicht fir säin online Déngscht RE:SET

1 Online Streetworker/Medienpädagog (M/W/D)

CDI 40 Std./Woch (CCT SAS C6)

Deng Aufgaben

Als Online-Streetworker/Medienpädagog schaffs Du haaptsächlech an den digitale Räim. Deng Haaptaufgaben enthalen ënner anerem:

  • Observatioun an Analyse vun Dynamiken am digitale Raum, am Kontext vu Radikaliséierung
  • Aktiv a sensibel Interaktioun an Online-Communautéiten
  • Opbau vu Kontakt an individuell Begleedung vu Persounen, déi vulnerabel géintiwwer Radikaliséierungsprozesser sinn
  • Präsent op verschiddene soziale Medien an op Online-Gaming-Plattformen sinn
  • Entwecklung a Publikatioun vu pedagogeschen Inhalter fir sozial Netzwierker an Online-Communautéiten (z. B. Videoen, Posts, Kommentaren, Livestreams).
  • Medienkompetenz, kritescht Denken an demokratesch Wäerter duerch eng dialogorientéiert a respektvoll Kommunikatioun fërderen.

Däi Profil

  • Du hues en zu Lëtzebuerg unerkannten Bachelor am sozio-edukativen, psychosozialen oder vergläichbare Beräich
  • Du beherrschs follgend Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch
  • Du kenns déi aktuell Plattformen an Entwécklungen, beherrschs d’Sprooch an d’Codë vun den Online-Welten a fills dech an deene verschiddenen online Kulturen doheem
  • Kenntnisser zu Theme wéi Extremismus, Radikaliséierung, Desinformatioun oder gruppenbezunnener Mënschefeindlechkeet si vu Virdeel
  • Du kanns Vertrauen opbauen, komplex Situatiounen analyséieren an autonom schaffen
  • Deng pedagogesch Haltung ass wertschätzend, reflektéiert an däitlech géint mënschefeindlech Positiounen ausgeriicht
  • Du hues Freed un der Erstellung vu Contenu an un dialogescher Aarbecht an Online-Raim
  • Du bass flexibel, hues kritescht Denkvermögen a Bereetschaft, dech un en, sech am konstanten Wandel befannende, digitale Raum, unzepassen

Mir bidden

  • Eng sënnvoll a gesellschaftlech relevant Aarbecht an engem dynameschen a multidisziplinäre Team
  • D’Méiglechkeet, aktiv an der Weiderentwécklung vun RE:SET matzewierken
  • E spannend Aarbechtsëmfeld mat Plaz fir eegen Initiativen an innovativ Approchen
  • Ënnerstëtzung duerch en engagéiert Team an en Aarbechtskader, deen op Qualitéit a Professionalitéit setzt
  • Eng Remuneratioun nom Kollektivvertrag fir de Fleeg- a Sozialesecteur (CCT-SAS), Maximum C6

Eis Institution

Fann méi iwwer eis Institutioun op eiser Säit www.respect.lu an iwwer eisen online Déngscht op www.reset.lu eraus.

Bewerbung

Deng Kandidatur (CV, Motivatiounsschreiwes an Diplomer) sinn iwwert Mail bis den 30.09.2026 un [email protected] anzereechen. Eng Virauswiel gëtt op Basis vun den agereechten Ënnerlage getraff.

Go back

B.P. 40
L-5801 Hesperange
Contact person
Karin Weyer
Phone +352206062

Go back

Did you apply for this job?

1 Online Streetworker/Medienpädagog (M/W/D) at respect.lu - SOS Radicalisation asbl

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply