“Haus Elmen” ass eng kleng Wunngemeinschaft zu Olm, an engem familiäre Kader, fir 8 eeler Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung. Hutt dir Loscht, dësen neie Projet mat ze gestalten? Mir sichen
en-g Infirmier-ère
an
en-g Aide-Soignant-e (m/w/d)
Réf.: Elmen 09/2026
CDI 40 Stonne/Woch (CCT-SAS)
Är Missioun:
- Eeler Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirem Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
- Dofir suergen, dass an der WG eng schéin Ambiance ass an dass jiddereen sech wuelfillt.
- Begleedung am Beräich vun der Gesondheet.
- Hëllef an Ënnerstëtzung bei den actes essentiels de la vie.
- Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten.
- Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.
Äre Profil:
- Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
- Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
- Gäre Schichte schaffen.
- Flexibel sinn a Loscht op nei Erausfuerderungen hunn.
- Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
- Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen kënnt dir iech mellen um 621 262 273.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
[email protected]
82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact person
Service Ressources Humaines
Phone
+352 30 92 32 - 222