1 Infirmier (m/f/n), CDI 20St.+ 20St. CDD (Remplacement Disp./Congé mat./par.)/Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Op der Schock
Job location: L-9169 Mertzig
Job type: Fixed-term contract Part time Full time
Category: Nurse > Registered Nurse Nurse
Chiffre: REF: ASBL202607

Go back

Op der Schock, asbl stellt an:

1 Infirmier (m/f/n), CDI 20St.+ 20St. CDD (Remplacement Disp./Congé mat./par.)/Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg – REF: ASBL202607

Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • De medezinesche Suivi vun de betreiten Persounen an hierem Dossier assuréieren
  • Medikamenter stellen a kontrolléiren
  • Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren
  • Bereetschaft, och weekends an owes ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossierë gemaach

Fir weider Informatioune kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: [email protected]

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

Please calculate 5 plus 6.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply