TRISOMIE 21 LËTZEBUERG a.s.b.l.

Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.
Job location: 6832 Betzdorf
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Educator > Qualified Educator Social Work

Go back

TRISOMIE 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.

Recrutéiert:

1 Educateur diplômé (m/w/d) – 40 Stonne/Woch, CDI ab dem 01. Mäerz 2026  fir säin Team zu Betzduerf.

·        Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (C4)

·        Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch  (all weider Sprooch ass vu Virdeel)

·        Du bass flexibel an den Auerzäiten (owes oder och mol Weekends)

·        Du hues Kenntnisser am Beräich Handicap (sinn vu Virdeel)

·        Du kanns gutt an engem Team schaffen awer och autonom

·        Du hues e Führerschäi B an en eegenen Auto

Deng Responsabilitéiten:

·        Encadrement vun onsen Memberen wärend Aktivitéiten, Kolonien a Vakanzen

·        Ausschaffen, Organisatioun a Begleeden vu pädagogeschen Projet’en

 

1 Educateur gradué/diplômé (m/w/d), 20 Stonne/Woch,
CDI ab dem 1. Mäerz 2026
fir säi Restaurant Madame Witzeg, (AIP) zu Bieles

·        Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (C4)

·        Du hues Beruffserfarung mat Persoune mat Trisomie 21 oder enger geeschteger Beanträchtegung

·        Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (Owes a Samsdes)

·        Du kanns Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch (all weider Sprooch ass vu Virdeel)

·        Du kanns gutt an engem Team schaffen awer och autonom

Responsabilitéiten:

·        Encadrement vu Persoune mat enger Beanträchtegung am Restaurant     

·        Hëllesfstellung am Service a Kichen

·        Pädagogesch Projet’en ausschaffen a begleeden

 

Mir bidden dir:

·        Eng Plaz mat Stabilitéit duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS an engem dynamesche Veräin mat enger engagéierter Ekipp fir Inklusioun a Selwerbestëmmmung

·        En ënnerstëtzenden an hëllefsbereeten Kader mat Platz fir Kreativitéit

·        En dynamescht an agreabelt  Aarbechtsëmfeld mat Raum fir eegen Iddi‘en a Kompetenzen auszeschaffen an ëmzesetzen

 

Bass du interesséiert? Dann scheck ons deng Kandidatur, däi Liewenslaf sou wéi däin Extrait vum Casier judiciaire (N° 3 n N°5) bis den 15. Februar 2026 u follgend Adress:

Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.    2b, rue d’Olingen      L-6832 Betzdorf

Oder mail ons all gefroten Dokumenter als Scann op [email protected]

 

Go back

Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.
2b, rue d'Olingen
6832 Betzdorf
Contact person
Carole Rodrigues

Go back

Did you apply for this job?

TRISOMIE 21 LËTZEBUERG a.s.b.l. at Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply