Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Habscht

Arcus
Job location: L-8373 Hobscheid
Job type: Permanent contract Full time
Category: Educator > Qualified Educator

Go back

Mir siche fir eis Crèche zu Habscht: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30-35 Stonnen/ Woch


D’Crèche Habscht bitt Plaz fir 55 Kanner a verfüügt iwwer 4 equipéiert Grupperaim mat altersspezifescher Ariichtung, eng zousätzlech Terrass a pro Grupp jeeweils 1-2 Rou- a Schlofzëmmeren an zwou Buedzëmmeren. Niewebäi verfüügt d’Crèche och iwwer eng Spillplaz an e grousse Bausseberäich zum Entdecken a Spillen.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)

  • Du hues e Permis B


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Go back

52b Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg
Contact person
Service Recrutement

Go back

Did you apply for this job?

Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Habscht at Arcus

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply