COOPERATIONS Asbl sicht :
en diplomeierten Erzéier (m/f/d)
fir de « Service de Formation »
CDI, 30 Stonnen/Woch
Är Missioun
Dir begleet an ënnerstëtzt jonk Leit, déi am Atelier d’inclusion zu Woltz schaffen, fir hinnen eng pädagogesch a berufflech Orientatioun an eng passend Ausbildung unzebidden.
Äre Profil
● Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
● Passioun fir d’Aarbecht mat jonke Leit an d’Kooperatioun am Team
● Fäegkeet fir autonom, strukturéiert a koordinéiert ze schaffen
● Gutt Kenntnisser an de Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
● Führerschäin Kategorie B
Mir bidden
● En innovativen, participativen a dynamesche Betrib
● Eng grouss Diversitéit un Ateliers d’inclusion
● En multidisziplinäert Aarbechtsëmfeld
● CCT-SAS – Carrière C4
Kandidaturen mat CV sinn bis den 31.03.2026 un [email protected] ze schécken (n.réf. : 2026/02).
COOPERATIONS Asbl, 8 Gruberbeerig, L-9538 Wiltz www.cooperations.lu