Agent éducatif oder een Auxiliaire de vie oder Een Educateur diplômé (m/w/d) CDI 50-100%

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Job location: 7534 Mersch
Job type: Permanent contract Full time
Category: Educator > Qualified Educator

Go back

D'Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir verschidde Strukturen

Een Agent éducatif oder een Auxiliaire de vie oder Een Educateur diplômé (m/w/d)

CDI 50-100%


Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

  • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Führerschäin (B)

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel

  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom).

  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Go back

10, rue Hermann Gmeiner
7534 Mersch
Contact person
Ressources Humaines

Go back

Did you apply for this job?

Agent éducatif oder een Auxiliaire de vie oder Een Educateur diplômé (m/w/d) CDI 50-100% at Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply