En-g Psycholog-in oder en-g Pedagog-in (m-w-d)

Ligue HMC
Job location: L-8311 Capellen
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Psychologist
Chiffre: EF 05/2026

Go back

Mir siche fir eise Berodungs Service zu Capellen

En-g Psycholog-in oder en-g Pedagog-in (m-w-d)

(Réf. : EF 05/2026)

CDI 20 - 40 Stonne-Woch / CCT SAS

 

Är Missioun:

  • Berodung a Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Famillen.
  • Ënnerstëtzung an hirem Liewensprojet, hirer Selbstbestëmmung souwéi hirer perséinlecher Entwécklung an alle Liewensberäicher.
  • Zesummenaarbecht a Berodung vun den Ekippen.
  • Entwécklungsdiagnostik: Evaluatioun a Bilan vun der kognitiver a sozio-emotionaler Entwécklung.
  • Formatioun fir d’Mataarbechter mat enger Beanträchtegung.
  • Weiderentwécklung vu bestoenden an zukünftege Projete.

 Äre Profil:

  • Freed un der Aarbecht hunn mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung.
  • Therapeutesch Ausbildung oder Erfahrung am Beräich vun der Berodung si vu Virdeel.
  • Teamfäegkeet a Fäegkeet fir selbststänneg ze schaffen a sech ze organiséieren.
  • Bereet sinn sech weiderzebilden.
  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen kënnen, Portugiseschkenntnisser si vu Virdeel.
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin B hunn.

 Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt tëschent 20 a 40 Stonne/Woch am Kader vun der CCT-SAS.
  • Méiglechkeeten fir sech weiderzebilden.
  • Eng sënnvoll an oofwiesslungsräich Aarbecht an enger klenger pluridisciplinärer Ekip.

 

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen kënnt Dir uruffen um 30 92 32 244.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn un:

  Ligue HMC a.s.b.l.

Direction

B.P. 49

L-8301 Capellen

oder per Mail un [email protected]

Go back

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact person
Service Ressources Humaines

Go back

Apply online

Please add 6 and 4.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply