16–40 Stonne · CDI · CCT SAS C6
Mir sichen dräi nei Kinésithérapeut·innen - Ergothérapeut·innen , déi mat Kompetenz, Empathie a Verantwortung schaffen.
Bei Gutt Versuergt steet de Mënsch am Mëttelpunkt – de Patient mat senger Famill, an och de Mataarbechter.
Du bass diploméiert(e) Kiné - Ergo, schwätz Lëtzebuergesch a hues e Permis B? Perfekt.
Eis Touren decken d’Stad, de Süden, d’Musel an d’Mierscher Géigend of.
Wat eis wichteg ass: Zäit fir richteg Betreiung, kloer Kommunikatioun a Vertrauen.