De CNDS (Comité National de Défense Sociale) engagéiert fir Nei Aarbecht „Vëlosbuttek“ zu Miersch
1 Vëlosmecanicien mat DAP (m/w) C3
CDI 40 St/Woch fir direkt
Réf: NA202606Velo
Är Missioun:
• Reparéieren an Entretien vu Vëloen
• Occasiounsvëloen kontrolléieren an erëm a Stand setze fir de Verkaf
• Verkaf vun Occasiounsvëloen a Vëlosartikelen am Geschäft
• Eng Ekipp leeden a beschäftegen
• Mat sozial schwaache Leit schaffen an hir berufflech Integratioun förderen
Äre Profil:
• Ofgeschlossenen Diplom als Vëlosmecanicien
• Erfarung am Vëlosberäich hunn
• Gutt organiséiert, strukturéiert, flexibel an durchsetzungsfäeg sinn
• Autonomie an Ekippegeescht
• Interesséiert un der Sozialaarbecht an eng Virbildfunktioun kënnen iwwerhuelen
• Führerschäin B
• PC Kenntnisser si vu Virdeel
• Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch (Englesch ass vu Virdeel)
Mir bidden un:
• Eng ofwiesslungsräich an interessant Aarbecht
• Eng dynamesch a multidisziplinär Ekipp
• Responsabilitéit an Autonomie
• Attraktiv Bezuelung an Aarbechtskonditiounen nom SAS Kollektivvertrag
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif, Foto, Kopi vum néidegen Diplom) bis de 30. Juni 2026 un: [email protected]
Fir weider Froen kënnt Dir Iech gär un Charel Kneip vun Nei Aarbecht wenden um 33 27 55 1 oder hire Site konsultéieren www.cnds.lu/nei-aarbecht
Am Fall vun enger Astellung froe mir eng rezent Kopi vum Casier Judiciaire