NEW Kach (M/W/NB) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen

Arcus
Job location: L-9175 Niederfeulen
Job type: Permanent contract Full time
Category: Educator > Nursery/Daycare Educator

Go back

Mir siche fir eis Crèche a Maison Relais zu Nidderfeelen : Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


D’Kichenekipp vun der Crèche & Maison Relais besteet aus enger Chefkächen, engem Kach, 2 Hëllefskäch a suergt am Alldag fir frësch, saisonal a regional Molzechten.


Deng Aufgaben:

  • Enk Zesummenaarbecht mat der Chefkächen fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen a preparéieren

  • Schaffen no den HACCP-Normen

  • Molzechte fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren

  • Ënnerstëtzung bei der Gestioun vum Stock a beim Ausraumen/Botzen

  • D’Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach

  • Eng Beruffserfarung an engem änleche Posten ass vu Virdeel

  • Du hues e fundéiert Wëssen am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner

  • Du hues Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B1)

  • Du hues e Permis B an e perséinlechen Auto

     

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Go back

52b Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg
Contact person
Service Recrutement

Go back

Did you apply for this job?

NEW Kach (M/W/NB) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen at Arcus

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply