1 Ouvrier qualifié (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Service technique – REF: ASBL202516
Missioun:
•Den allgemengen Ënnerhalt vun de Gebaier, den Ausseberäicher an dem Fuhrpark assuréieren.
•Ënnerhalts- a Reparaturaarbechten a verschiddene technesche Beräicher mat Schwéierpunkt op den Heizungs- a Sanitärsinstallatiounen
•Weider Aarbechten déi zu den Missiounen vum Service technique gehéieren:
-Liwwerungen an Transport vu Material
-Virbereedungen an Op-an Oofrichten bei Aktivitéiten an Evenementer
-Sortéierung an Entsuerge vum Offall
•Enk Zesummenaarbecht mat aneren Servicer an externen Firmen
•D‘Respektéiere vun de Sécherheets- a Qualitéitsnormen garantéieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
•Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am technesche Beräich (DAP oder equivalent; zum Beispill DAP Installateur chauffage-sanitaire )
•Gutt Kenntnisser a Kompetenzen a verschiddenen techneschen a manuelle Beräicher (besonnesch am Beräich Chauffage a Sanitär, elektresch Installatiounen, Renovatiounsaarbechten, ...)
•Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
•Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
•Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
•Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
•Loscht, sech an engem dynameschen a motivéierten Team ze engagéieren
•PC-Kenntnisser
Konditiounen:
•CDI 40h Carrière C3
•Salaire a Konditioune vum CCT SAS
•Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
•Führerschäin B (Führerschäin BE ass vu Virdeel)
•Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques
Phone
+352 26 62 18 81