Sozialaarbechter/innen / graduéiert Erzéierinnen/Erzéier (m/f/d)

Wunnengshellef ASBL
Job location: L-4041 Esch-sur-Alzette
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Educator > Graduate Educator Social Assistant
Chiffre: Etape21 SLEMO C6

Go back

Wunnengshëllef asbl

sicht fir direkt oder no Ofsprooch fir d’Etapen 21 (Esch-Alzette an Letzebuerg)

Sozialaarbechter/innen / graduéiert Erzéierinnen/Erzéier (m/f/d)

 fir 20-40 Stonnen d'Woch mat CDI carrière CCT-SAS C6

 

Fir eis Equipe sichen mir eng engagéiert an zouverlässeg Persoun als Sozialaarbechter/in oder graduéiert Erzéierin/Erzéier (m/f/d) fir déi individuell Begleedung vu jonken Erwuessenen am Alter vun 18 bis 27 Joer.

 

Är Aufgaben

  • Jonk Erwuessener individuell an hirem alldeegleche Liewen sozio-educativ begleeden an ënnerstëtzen;
  • d’Autonomie, d’Selbststännegkeet an d’sozial Integratioun fërderen;
  • individuell Begleedungsprojeten zesumme mat de Jonken entwéckelen, plangen, koordinéieren an ëmsetzen;
  • un der Organisatioun an dem deegleche Fonctionnement vun der Struktur aktiv matwierken;
  • enk an engem multidisziplinären Team schaffen an mat Partner aus dem soziale Secteur zesummeschaffen;
  • Situatiounen, Observatiounen a Betreiungsprozesser strukturéiert administrativ a schrëftlech dokumentéieren.

Äre Profil

  • Diplom als graduéiert Erzéierin/Erzéier oder Sozialaarbechter/in mat Autorisatioun d’exercer, oder e Bachelor am sozialen bzw. educative Beräich (oder eng gläichwäerteg unerkannt Qualifikatioun);
  • Beruffserfarung am soziale Beräich ass e Virdeel;
  • gutt Organisatiounsfäegkeeten, Selbststännegkeet, Dynamik an ausgepräägte Teamgeescht;
  • Fäegkeet, sech flexibel un ënnerschiddlech Situatiounen a Besoine vun de Jonken unzepassen;
  • gutt relational a kommunikativ Kompetenzen;
  • sécher a strukturéiert schrëftlech Ausdrocksweis;
  • gutt Kenntnisser a Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch;
  • gutt Kenntnisser am Ëmgang mat MS Office ;
  • Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten, inklusiv Bereitschaft fir Weekendsaarbecht;
  • Führerschäin Kategorie B an en eegenen Auto.

 

Mir bidden

  • en dynamescht, engagéiert an mënscheorientéiert Aarbechtsëmfeld am soziale Secteur;
  • eng grouss Diversitéit u Missiounen a Publicen;
  • Méiglechkeete fir intern Weiderentwécklung jee no de Besoinen an de Perspektive vun der Associatioun;
  • eng attraktiv Remuneratioun an Aarbechtsbedéngungen op Basis vun der CCT SAS ;
  • eng verantwortungsvoll an ofwiesslungsräich Aufgab an engem multidisziplinären Team.

Är Kandidatur

Dir sidd interesséiert? Da schéckt eis Är Kandidatur bis den 23. Oktober 2026 per E-Mail un :

[email protected]

 

Är Kandidatur soll enthalen:

  • Motivatiounsbréif;
  • CV;
  • Foto;
  • Kopië vun Ären Diplomer;
  • wann zoutreffend, Är Autorisatioun d’exercer.

Mir freeën eis op Är Kandidatur!

Go back

60 Rue des Romains, 2444 Luxembourg
2444 Luxembourg
Contact person
Département RH

Go back

Apply online

Please calculate 7 plus 9.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply