Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Atelier ISIE an hiren Atelier Service technique zu Lampech

APEMH
Job location: Lampech
Job type: Permanent contract Full time
Category: Educator > Graduate Educator

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier ISIE an hiren Atelier Service technique zu Lampech, een diploméierten Erzéier (w/m/x) - ee CDI - Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

        

Responsabilitéiten

Begleedung an Ënnerstëtzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Ausbildung- an Aarbechtsstrukture schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal. 


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • Fäegkeet fir am Team ze schaffen an eng kooperativ Aarbechtsatmosphär ze fërderen

  • Kompetenzen am Beräich vun der Dokumentatioun an der administrativer Organisatioun

  • Vertraut mat de Prinzipien vun der inklusiver Betreiung an dem Respekt vun der Autonomie vun de betreiten Mataarbechter

  • Bereetschaft fir un intern an extern Formatiounen deelzehuelen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen, all weider Sprooch ass vu Virdeel 

  • de Führerschäin Klass B hunn

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung



Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back

Did you apply for this job?

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Atelier ISIE an hiren Atelier Service technique zu Lampech at APEMH

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply