Ee motivéierte Responsabel (w/m/x) fir eisen Atelier d'Inclusion Professionnelle (AIP) „Gärtnerei“ zu Housen

APEMH
Job location: 9836 Hosingen
Job type: Permanent contract Full time
Category: Cleaning & Maintenance > Gardener

Go back

Dir engagéiert Iech fir d'Wäerter vun der APEMH ze vermëttelen,

ze vertrieden an ëmzesetzen?

Dir sidd bereet mat un der Weiderentwécklung vun der APEMH ze schaffen,

a sicht eng nei berufflech Erausfuerderung?

 

Dann kann de Poste vum Responsabel wéi fir Iech gemaach sinn.........

 

Mir sichen

 

Ee motivéierte Responsabel mat engem DAP am Bereich „Horticulteur/Pépinieriste/Fleuriste/Paysagiste“

fir eisen Atelier d'Inclusion Professionnelle (AIP) „Gärtnerei“

Zu Housen/ CDI – Vollzäit

 

deen als Missiounen huet, an der erweiderter Direktiouns-Ekipp:

 

  • den Atelier Gärtnerei zu Housen ze gereiren an t‘Arbechten ze koordinéieren,

  • d'Team ze leeden, motivéieren, inspiréieren a stäerken,

  • Prozesser ëmzesetzen a Weiderentwécklung ze erméiglechen,

  • eng qualitativ Zesummenaarbecht mat eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtigung garantéieren,

  • eng gutt Familljenaarbecht sécher ze stellen,

  • an enker Zesummenaarbecht a gudder Kommunikatioun mat der Direktioun ze schaffen,

  • ee wichtegen Uspriechpartner fir intern an extern Partner, Familljen an aner Professioneller ze sinn,

  • d‘Strategië souwéi d'Wäerter vun der APEMH ëmzesetzen.

 

Är Talenter:

  • Liichtegkeet am Kontakt mam Klient an mat den Fournisseuren

  • Organisatorisch, kommerziell an administrativ Kompetenzen

  • Dir sidd oppen an proaktiv fir nei Klienten ze sichen

 

Wann Dir un dëse Missiounen interesséiert sidd, zéckt net Är Kandidatur bis de 24 August 2026 ze schécken!


All berechtegt Kandidatur gëtt analyséiert an den zukünftege Responsabel profitéiert vun engem Plan de Formation a senger neier Funktioun.

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back

Did you apply for this job?

Ee motivéierte Responsabel (w/m/x) fir eisen Atelier d'Inclusion Professionnelle (AIP) „Gärtnerei“ zu Housen at APEMH

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply