Är Aufgaben:
- Dir suergt fir e gudden Oflaf an eng gutt Organisatioun vum Service,
- Dir suergt dofir, datt d‘Bewunner, déi am Restaurant sinn, mat Zefriddenheet a Frëndlechkeet servéiert ginn,
- Dir baut eng Vertrauensrelatioun mat de Bewunner an hirer Famill op,
- Dir sidd effizient an Ärer Zesummenaarbecht mat allen Servicer, am Interessi vun de Bedürfnisser vu de Bewunner.
Är Qualifikatioun:
- Dir hutt eng Beruffserfarung vu mindestens 5 Joer,
- Diskretioun a Frëndlechkeet, séchert Optrieden, Zouverlässegkeet, Flexibilitéit, selbstännegt Schaffen, Team- a Kooperatiounsfähegkeet sinn Är Stäerkten,
- Dir sidd kontaktfreedeg am Ëmgang mat de Bewunner,
- Dir kennt d‘HACCP-Regelen,
- Dir beherrscht d‘lëtzebuerger Sprooch, an dir kennt Däitsch a Franséisch.
Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten, da schéckt eis w.e.g Är Demande mat Liewenslaf an enger rezenter Foto bis spéitstens den 30. Juni 2022 un:
CIPA Gréngewald
Här Nico DE BORGER
Directeur Services Hôteliers
8, Routscheed L-6939 NIEDERANVEN
