Responsabel fir de Service Social (m/w) - Onbefristeten Aarbechtsvertrag 32/40 Stonnen/Woch

Job location: 6939 Niederanven
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Social work

Go back

Är Aufgaben:

-       An Zesummenaarbecht mat enger multidisziplinärer Equipe geréiert Dir d’Waardelëscht an Dir organiséiert déi nei Admissiounen,

-       Dir moderéiert, koordinéiert an huelt a verschiddenen Aarbechtsgruppen deel,

-       Dir hëlleft a lauschtert de Bewunner an hirem Ëmfeld no,

-       Dir suergt derfir dass eise Bewunner déi néideg Assistenz, Orientatioun an Ënnerstëtzung zoukënnt,

-       Dir suergt fir e gudden Oflaf an eng gutt Organisatioun vum Service,

-       Dir baut eng Vertrauensrelatioun mat de Bewunner an hirer Famill op,

-       Dir sidd effizient an Ärer Zesummenaarbecht mat allen Servicer, am Interessi vun de Bedürfnisser vu de Bewunner.

 

Är Qualifikatioun:

-       Dir hutt en sozial-pädagogeschen Diplom mat enger Qualifikatioun fir de soziale Secteur an och d’Erlaabnis äre Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben,

-       Dir hutt gutt Kenntnisser vum sozialen Ëmfeld zu Lëtzebuerg a besonnesch wat d’Assurance Dépendance an d’Krankeversécherung betrëfft,

-       Diskretioun a Frëndlechkeet, séchert Optrieden, Zouverlässegkeet, Flexibilitéit, selbstännegt Schaffen, Team- a Kooperatiounsfäegkeet sinn Är Stäerkten,

-       Dir hutt gutt Kenntnisser am Domaine vun der Gériatrie, der Gérontologie an an der Fleeg,

-       Dir sidd kontaktfreedeg an hutt dat néidegt Fangerspëtzegefill am Ëmgang mat de Bewunner an hirem Ëmfeld,

-       Dir hutt kee Problem schrëftlech Texter ze verfaassen,

-       Dir beherrscht d‘lëtzebuerger Sprooch, an dir kennt Franséisch an Däitsch.

Go back

8, Routscheed
6939 Niederanven
Contact person
Anne MAAS

Go back