RESPONSABEL FINANCES ET COMPTABILITE (M/W)

Job type: Permanent contract Full time
Category: Finance/Legal

Go back

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 226 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen ee

RESPONSABEL FINANCES ET COMPTABILITE (M/W)

fir Vollzäitaarbecht op onbestëmmten Zäit (CDI)

Är Missiounen:

Ënnert der Leedung vum Directeur administratif et financier gehéiere folgend Aktivitéiten zu Ären Aufgaben:

  • D’Prozedure vun der administrativer a finanzieller Gestioun definéieren an ëmsetzen
  • D’Gestioun vun der genereller an analytescher Comptabilitéit
  • D’Opnam vun all den wirtschaftlechen Operatioune vum Etablissement kontrolléieren an iwwerwaachen
  • All Informatiounen iwwer d‘Situatioun vum Spidol an iwwer d’Resultater vun den Aktivitéiten (Bilan, états financiers, tableaux de bord, Indikatoren, …) virweisen
  • De Suivi vun der Evolutioun vun de finanzielle Resultater maachen an de Finanzplang erstellen
  • De Budget vun der Struktur, a senge verschiddene Formen (CNS, Ministère de l‘intérieur, Intern Gestioun) an Zesummenaarbecht mam Contrôleur de Gestion ausschaffen
  • Eng Ekipp vun 5/6 Persounen organiséieren, koordinéieren a féieren
  • Eng korrekt Interpretatioun vun den Steieren garantéieren an d’Deklaratioun an d’Bezuelung vu Steieren a Taxen ausféieren
  • E korrekt Verständnis vun de finanziellen a wirtschaftlechen Informatioune wéi och vun de Comptabilitéitsreegelen déi am Spidolswiesen bei all den Acteuren applizéiert ginn
  • D’Gestioun vun der Trésorerie iwwerwaachen a kontrolléieren
  • Matschaffen a Kommissiounen an Aarbechtsgruppen vun der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois an dem Hëllefs- a Fleegesecteur, a Beräicher déi mat der Missioun vum Posten verbonne sinn
  • D’Informatiounen an Erklärungen déi néideg si fir d’Verständnis vun de Finanzen a Comptabilitéitoperatiounen un d’Revisoren a Kontroller weiderginn
  • D’Gestioun vun de Relatioune mat Fournisseuren, Steierservicer a Gesondheetskees

Äre Profil:

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom mat Masterofschloss an den Finanzen, Comptabilitéit oder Economie
  • Beruffserfarung vun op d’mannst 5 Joer an enger änlecher Positioun
  • Dir hutt exzellent Kenntnisser am Ëmgang mat de gängegen Informatiksprogrammer, esou wéi SAP, GI Solutions, Excel, Word
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
  • Dir kënnt autonom a selbstänneg schaffen, a beweist eng grouss Disponibilitéit a Flexibilitéit
  • Diskretioun a Confidentialitéit si fir Iech éischt Gebot
  • Eng Experienz am Lëtzebuerger Spidolssecteur esou wéi Erfarung am Beräich vun der Comptabilité communale ginn als Virdeel ugesinn

Interesséiert Dir Iech fir ee vun dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1, rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
Oder per email un : recrutement@his.lu

Go back

1, rue de l'Hôpital
L-8423 Steinfort
Contact person
Ophélie Noël

Go back

Apply online

What is the sum of 5 and 6?

Go back