COMPTABEL

Job type: Fixed-term contract Full time
Category: Finance/Legal

Go back

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 226 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen ee

COMPTABEL (M/W)

fir Vollzäitaarbecht op bestëmmten Zäit (CDD)

Är Missiounen:

Ënnert der Leedung vum Gestionnaire administratif et financier gehéiere folgend Aktivitéiten zu Ären Aufgaben :

  • D’Gestioun vun der genereller an analytescher Comptabilitéit
    • D‘Gestioun vun der Comptabilitéit vun de Fournisseuren, mat der Kodéierung vun den Rechnungen bis zur Virbereedung vun de Fournisseurs Paiementer
    • Assistenz bei de Clientsrechnungen
    • Suivi vun der Comptabilitéit Client (Aschreiwung vu Reglementer, Lettrage a Clienten relancéieren)
    • Gestion de l‘immobilisation
    • Garantéieren vun der Konformitéit mat den Aarbechtsprozesser esou wéi eng kontinuéierleche Verbesserung vun Prozeduren
    • Assistéiert de Responsable financier an all aner Aufgab verbonne mat der Comptabilitéit an der Administratioun
    • Iwwerwaachung vu Investitiounen
    • Virbereedung an d'Deklaratioun vun der TVA
    • Iwwerwaachung a Comptabilitéit fir Ausgabebericht
    • Hëllef bei der Virbereedung vun der Révision des comptes a bei der Opstëllung vum Bilan

Äre Profil:

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom mat Ofschloss secondaire, secondaire technique, Technicien administratif oder Bachelor an der Comptabilitéit
    • Beruffserfahrung vun op d'mannst 3 Joer an enger ähnlecher Positioun • Dir hutt exzellent Kenntnisser am Ëmgang mat de gängegen Informatiksprogrammer, esou wéi SAP, Word, Excel
    • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
    • Dir kënnt autonom a selbstänneg schaffen, a beweist eng grouss Disponibilitéit a Flexibilitéit
    • Diskretioun a Confidentialitéit si fir Iech éischt Gebot.

Interesséiert Dir Iech fir ee vun dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1, rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
Oder per email un : recrutement@his.lu

Go back

1, rue de l'Hôpital
L-8423 Steinfort
Contact person
Ophélie Noël

Go back

Apply online

Please calculate 3 plus 2.

Go back