Mir siche fir de Quai 57 – Suchberodungsstell : Psycholog (m/w) - 20 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
RESPONSABILITÉITEN
- Begleedung an Orientéierung vu Persounen déi e Suchtverhalen opweisen
- Begleedung an Orientéierung vum Entourage vun de Persounen déi e Suchtverhalen opweisen
- Entwécklung an Implementatioun vun der regionaler Consultatioun zum Thema Sucht
- Konzepter erschaffen zur Sensibiliséierung, Präventioun, Weiderbildung an Interventioune bei spezifeschen Zielgruppen
- Bedeelegung un Entwécklungsprojeten an Evaluatioun vun hiren Ausféierungen
- Elaboratioun vun Dokumenter geriicht un e grousse Public a Professioneller
- Kontakt mam Netzwierk ophuelen a Vernetzung mat de soziale Partner
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog
- Du hues Kenntnisser am Beräich vun der Sucht an an de Methodologien zur Interventioun fir d’Gesondheet ze promovéieren
- Du hues d’Fäegkeet e Plan d’action ze elaboréieren an ze formaliséieren
- Du hues pedagogesch a sozial Kompetenzen
- Du hues d’Fäegkeet am Netzwierk ze schaffen a Partnerschaften opzestellen
- Du schwetz lëtzebuergesch, däitsch a franséich
WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN
- Du kenns dat lëtzebuergescht Netzwierk
- Eng Formatioun an der Psychotherapie ass vu Virdeel
- Du hues d’Fäegkeet am Grupp an alleng ze schaffen
- Du bass proaktiv
- Du hues e Führerschäin B an en eegenen Auto
MIR BIDDEN
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
MINDESTENS GEFUERDERTEDUCATIOUN
- Master
ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNGA JOREN
- 0 oder méi Joer
