Mir siche Verstäerkung fir eis Equipe'n zu Duelem, Conter, Léiweng an am Norden(Roost/Wiltz)
Infirmier(e) (m/w) 20, 30 oder 38 Stonnen/Woch (CCT SAS)
Äer Missiounen :
- Eng ëmfaassend Betreiung vun den Clienten an hirem alldeeglechen Liewen
- Iwwerhuelen vun der palliativer Versuergung an Begleedung vum Client an senger Famill bei sech doheem
- Begleedung vum Client bei sech doheem, deen un enger schwéierer oder chronescher Krankheet leid, an dat während der ganzer Dauer vun senger Erkrankung bis zum Liewensenn (24/24h)
- Déi beschtméiglechst Liewensqualitéit fir den Client garantéieren
- Bedeelegung un der Entwécklung an un der kontinuéierlecher Amelioratioun vum Service
Äert Profil:
- Titulaire vun engem Diplome d’Infirmier an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg sinn
- Minimum e B1-B2 an der lëtzebuergescher Sproch muss sinn, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn vu Virdeel(an all aner Sproch ass e weideren Atout)
- Eng éischt professionell Erfarung an engem änleche Posten ass vu Virdeel
- Dir hutt en staarken Teamgeescht an gudd zweschemënschlech Fähegkeeten
- Dir sidd dynamesch, autonom a flexibel
- Dir hutt e Führerschäin Klass B
Mir bidden:
- Schafft an enger interdisziplinärer Equipe, déi d’Werter vun COVIVA vertrëtt
- Flott Aarbechts-Konditiounen nom aktuellen Contrat collectif SAS
Sidd Dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen ?
Dann schéckt eis Är Kandidatur, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation
