1 Heilpädagog oder Ergotherapeut (Reponsabel fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber) (m/f/n), CDI 40St./Woch

Op der Schock
Job location: 8822 Kuborn
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social work Care assistant

Go back

Op der Schock, asbl stellt an:

1 Heilpädagog oder Ergotherapeut (Reponsabel fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber) (m/f/n), CDI 40St./Woch

Missioun:

  • Encadrement vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Service Activités de Jour
  • Ëmsëtze vun individuelle Fërderpläng déi et de Mënschen erméiglechen hir Fäegkeeten weiderzeentwéckelen an hir Autonomie fërderen
  • Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Leedung vum Team vum Service Activités de Jour (Leedung vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher,
    Erstellung a Suivi vun de Schaffpläng, Gestioun vum Congé vun de Mataarbechter …)
    Zesummen mam Coordinateur d’Leedung vum Service assuréieren an fir e gudde Fonctionnement suergen
    Zesummenaarbecht mam Coordinateur an organisatoreschen an administrativen Aarbechten
    De Coordinateur ersetzen, wann deen am Congé ass

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Heilpädagog
  • Beruffserfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an an der Leedung vun engem Team si vu Virdeel
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
  • Freed a Motivatioun, den Equipegeescht ze fërderen
  • Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen :

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande bis den 15ten Mäerz (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: recrutement@ods.lu

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

Please calculate 1 plus 9.

Go back