Grafiker « print et digital » - Administration Centrale (m/f)

Arcus
Job location: Luxembourg
Job type: Permanent contract Part time
Category: Communication

Go back

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

 

Responsabilitéiten

Mir siche fir eis Administration Centrale: Grafiker (m/w) fir Print- an Digitalmedien - 30 - 40 Stonnen/Woch CDI

 

Du bass passionéiert an der Kommunikatioun a wëlls eis mat denger Kreativitéit, dengem technesche Knowhow beim Stäerke vun eisem Netzwierk a beim Ausbaue vun eisem Bekanntheet ënnerstëtzten? Dann bass du bei eis genau richteg! Zesumme mat eiser Chargée de Communication wäerts du fir d'Erstellung an Ausschaffe vun de Supporten an de Web- a Printmedie verantwortlech sinn. Zousätzlech wäerts du dech dorëms këmmeren, dass déi richteg visuell Identitéite benotzt gëtt.

 

Deng Missioun wäert folgend sinn:

  • Matgestaltung an der Opwäertung vun dem Image vun der Organisatioun
  • Erstelle vu verschiddene Graphike fir déi sozial Netzwierker (Facebook, Instagram a Linkedin)
  • Analyséieren a Moosse vun der Zilgrupp an dem Trafic op de verschiddene sozialen Netzwierker
  • Verwalte vun der Websäit an dem Intranet (SharePoint)
  • Garantéiere vun eiser charte graphique
     

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du bass diploméiert an der Kommunikatioun, Graphikdesign oder Konscht an hues Erfarung am Beruff.
  • Du hues exzellent Kenntnisser an deene verschidde Programmer vun Adobe, spezielle Photoshop, Indesing an Illustrator
  • Du bass Kreativ an hues en staarke Sënn fir Ästhetik
  • Du bass Autonom, organiséiert a polyvalent a rigouréis a flexibel
  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

 

Education

  • Bac Obtenu

 

Mir bidden

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

 

 

Wanns du dech an dësem Profil rëmerkenns, an du fir eng jonk an dynamesch Organisatioun schaffe wëlls, da mell dech a schéck eis deng Kandidatur eran.

 

 

Go back

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact person
Service Recrutement

Go back