Fachbegleeder - focus (h/f) – 75%-100%

Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Social pedagogue

Go back

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 900 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

Mir siche fir d’Service focus : Fachbegleeder (m/w) - 30-40 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
RESPONSABILITÉITEN

Hues Du Loscht am Beräich vun der pädagogescher Berodung a Formation continue ze schaffen a folgend Missiounen ze verfollegen?

konzeptuell Begleedung vu Maison Relais’en (Services d‘éducation et d’accueil) an der pädagogescher Qualitéitsentwécklung,

  • pädagogesch Berodung vu Chargé’en an hiren Ekippen,
  • Entwécklung an Ausschaffe vu pädagogesche Konzepter a Projet’en,
  • Formatiounen hale fir Professioneller aus dem edukative Beräich,
  • Weiderentwécklung vu praxisorientéierte Formatiounssettings an eisem Spillzënter.

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Éducatives,
  • Du hues Erfahrung an der pädagogescher Aarbescht mat Kanner,
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
  • Du hues Kenntnisser vun der non-formaler Bildung,
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
  • Du bass flexibel, schaffs autonom a gäre mat Leit

Du kriss Zäit, fir Dech an d’Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen.

MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN

  • Eppes anescht

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN

  • 3 oder méi Joer

DETAILER

  • 35 Stonnen pro Woch

Go back

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact person
Agathe Arnaise

Go back