Är Aufgaben:
Mir sichen een Educateur diplômé (m/w) 30 - 40 Stonnen/Woch CDI fir eise Jugendgrupp FIISS um Lampertsbierg ze verstäerken.
Am Grupp liewen jonk Leit tëscht 12 an 18 Joer. Si si Meedercher a Jongen a mir guidéieren se an hirem Alldag. Dat heescht, mir ënnerstëtzen déi Jonk an alle Beräicher, wéi Schoul, sozial Verhalen an Autonomie.
Äre Profil:
* Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
* Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten an kënnt Schichte schaffen
* Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
* Dir sidd motivéiert a wëllt mat jonke Leit schaffen
Mir bidden:
* Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
* E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
* Regelméisseg Weiderbildungen
* Gutt Teamatmosphär
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Casier judiciaire no 4 a 5
* Droit d'exercer \\
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscour
Delai fir d'Kandidatur: 14.12.2023
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
