Eng Educatrice diplômée oder en Educateur diplômé (WG 12/2021)

Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

Mir siche fir eis semi-autonom Wunngemeinschaften

eng Educatrice diplômée oder en Educateur diplômé (Réf.: WG 12/2021)

CDI 40 Stonnen-Woch

Är Missioun:

  • Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie ënnerstëtzen a si am Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
  • Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten
  • Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.

Äre Profil:

  • Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
  • Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
  • Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
  • Gutt redaktionnell Kompetenzen hunn
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 454 067.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Ustellung gëtt en Casier Judiciaire Bulletin N°4[i] gefrot.

D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 5.1.2022  geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.

Direction

B.P. 53

L-8301 Capellen

oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu

www.ligue-hmc.lu

 



[i] L’agrément nécessaire à notre structure prévoit de vérifier la condition d’honorabilité des salariés. De ce fait et au vu de la population encadrée, le casier judiciaire est demandé.

Go back

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact person
Service Ressources Humaines

Go back

Apply online

Please add 5 and 4.

Go back