En Educateur diplômé (m/w/d) - SAS 03/2023

Ligue HMC
Job location: L-8311 Capellen
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

Mir sichen fir eise “Service d’Accompagnement et de Suivi”

en Educateur diplômé (m/w/d)
(Réf.: SAS 03/2023)

CDI 40-Stonne-Woch

Är Missioun:

  • Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie ënnerstëtzen a si am Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
  • Zesumme mat de Klienten hire perséinleche Liewensprojet gestalten
  • Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.

Äre Profil:

  • Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
  • Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
  • Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen.
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
  • Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 262 273.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 24.3.2023 geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.

Direction

B.P. 53

L-8301 Capellen

oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu

www.ligue-hmc.lu

Go back

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact person
En 01/2023

Go back

Apply online

Please add 2 and 8.

Go back