En Encadrant (w/m) - Réf. : PP 11/2021

Job type: Fixed-term contract Full time
Category: Social work

Go back

 

Mir siche fir ee Projet-Pilote zu Gaasperech

en Encadrant (w/m)

(Réf. : PP 11/2021)

CDD 6 Méint, 40-Stonne-Woch, CCT-SAS carrière C3

Wann de Projet weiderleeft besteet d’Méiglechkeet vun engem CDI

Date d’entrée: 15. Januar 2022

 

Är Aufgaben:

•          Dir encadréiert eng Ekipp vun 5 Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung beim

   Triage, Recyclage a beim Demontage fir eng extern Entreprise.

•          Dir suergt fir eng gutt Inklusioun vun eiser Ekipp an der Entreprise.

•          Dir schafft zesummen mat de Responsabelen a mat de Mataarbechter vun der Entreprise.

Äre Profil:

•          Loscht hunn an enger inklusiver Ekipp ze schaffen.

•          Gutt handwierklech Fäegkeeten hunn a kierperlech fit sinn.

•          Ekippegeescht hunn a Verantwortung iwwerhuele kënnen.

•          Flexibel a villsäiteg sinn a mat schwierege Situatioune eens ginn.

•          Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen kënnen.

•          Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

•          De Stapler-Führerschäin ass vu Virdeel.

Mir offréieren:

•          Eng attraktiv Rémunératioun (CCT SAS)

•          Flott Aarbechtszäiten: Am Prinzip vu Méindes bis Freides, dagsiwwer

 

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 618 353.

 

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Astellung gëtt en Casier Judiciaire Bulletin N°4[1] gefrot.

D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 3. Dezember 2021 geschéckt ginn un

Ligue HMC coopérative s.c.

Direction

B.P. 49

L-8301 Capellen

oder

rh@ligue-hmc.lu

www.ligue-hmc.lu

 

[1] L’agrément nécessaire à notre structure prévoit de vérifier la condition d’honorabilité des salariés. De ce fait et au vu de la population encadrée, le casier judiciaire est demandé.

Go back

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact person
Service Ressources Humaines

Go back

Apply online

Please add 3 and 6.

Go back