een diploméierten Infirmier (w/m/x) - Centre Nossbierg

APEMH
Job location: Esch/Alzette
Job type: Permanent contract Part time
Category: Nurse

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg

een diploméierten Infirmier (Krankenpfleger)

fir ee CDI 30 Stonnen /Woch- fir direkt oder no Ofsprooch

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom,...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

 

RESPONSABILITÉITEN:

Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

ÄRE PROFIL:  

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn.
  • Beruffserfarung hunn.
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
  • De Führerschäin Klass B hunn.

Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

MIR BIDDEN:

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back