D' Fondatioun Kräizbierg sicht fir hire Foyer Domaine Schoumansbongert zu Fréiseng
Een diploméierten Infirmier (m/w)
fir 30 Stonnen / Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Infirmier
- Lëtzebuerger Sprooch als Viraussetzung
- Eng gutt Maîtrise vun der däitscher an der franséischer Sprooch
- Fachlech, sozial a perséinlech Kompetenzen
- Teamfäegkeet, Flexibilitéit an Zouverlässegkeet
- Führerschäin a PC Kenntnisser
Nëmmen déi Kandidaturen déi dësem Profil entsprieche gi consideréiert.
Eis Offer:
- E Gehalt entspriechend der CCT SAS
- Eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- D' Méiglechkeet sech op engem professionelle Plang weiderzebilden
