Responsabilitéiten
Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
