Ee Gestionnaire RH (m/w/d) – Referenz: 2445
fir seng Ekipp „Administratioun a Payroll“ vum Service Ressources Humaines ze verstäerken, am CDD vu minimum 12 Méint fir 40 Stonnen/Woch
Missiounen:
- Gestioun an Encodage vun de Personaldossieren: Signalétique, Absencen, Dokumenter scannen, Deklaratioune beim CCSS, etc.
- Aarbechtskontrakter an Avenanten preparéieren an ausstellen
- D’Gestioun vun E-Mailen an Courrier assuréieren
- Remboursementer ufroen (Formatiounscongé, Sproochecongé, politesche Congé, etc.)
- Éischt Kontaktpersoun fir déi intern Mataarbechter an Administratiounen (CCSS, CNS, ITM, Administration des Contributions, ADEM, …) sinn
Profil:
- Formatioun am Beräich Ressources Humaines, Comptabilitéit oder Administratioun
- Berufflech Erfarung vu minimum 2 Joer an engem änleche Posten
- Gutt Kenntnisser vum lëtzebuerger Aarbechtsrecht an vum SAS Kollektivvertrag
- Kenntnisser vum Paien Prozess (Logiciel GESPER Salaires, Logiciel Sofie, Gestioun vum Krankecongé, etc.) sinn vu Virdeel
- Déi 3 Landessprooche (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) beherrschen
Am Fall vun enger Astellung froen mir een Extrait vum Casier judiciaire.
