ee geléierten Kach ( w/m/x( fir eisen Atelier Kichen & Gemeiskichen zu Lampech

APEMH
Job location: Limpach
Job type: Permanent contract Full time
Category: Other jobs

Go back

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Kichen & Gemeiskichen zu Lampech ee geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit ab den 01.07.2023.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

  • Liewensmëttelversuergung/Stockage
  • Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion
  • Uwennung a Kontroll vun Gesondheets- a Sécherheetsnormen
  • Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn

 

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn.

 

Wënschenswäert Ufuerderungen:
Kenntnisser an folgenden Beräicher kennen vun Virdeel sinn:

  • Methoden fir Geméis an Uebst haltbar ze maachen wei zum Akachen
  • Wëssen iwwert Reglementer vun der Produktioun an Vente am alimentairen Beräich

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Go back

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact person
Audrey Grebil

Go back