arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.
Am Kader vum neie Kannerhaus Movida zu Fouhren siche mir een : Educateur diplômé (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
AUFGABEN
- Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem Alldag
- Mataarbecht an enger Wunnstruktur (52 Wochen)
- Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld vun de Jugendlechen
- Ëmsetzung vun Elementer aus der formaler, non-formaler an informaler Bildung
UFUERDERUNGEN
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom a verfügs iwwer Zousazqualifikatioune déi fir dee Beräich interessant sinn
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
- Du bass oppe fir Weiderbildung / Supervisioun
- Du bass zouverlässeg, teamfäeg, flexibel, selbstänneg, virwëlzeg
WEIDER VU VIRDEEL
- Beruffserfarung
- Kenntnisser an traumasensiblen, deeskaléierenden, systemeschen Aarbechten
- Kënschtleresch / sportlech Interessen
MIR BIDDEN
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
MINDESTENS GEFUERDERTEDUCATIOUN
- Diplôme d’éducateur (14e)
ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNGA JOREN
- 3 oder méi Joer
