Educateur, Infirmier oder Aide-soignant (M/W), CDI, 20, 25 oder 30 Stonne/Woch)

Job location: L-8522 Beckerich
Job type: Permanent contract Part time
Category: Social pedagogue Nurse Care assistant

Go back

Fir eise S.I.A. (Service d'Intervention Ambulatoire) siche mir en zousätzleche Mataarbechter. Är Aufgab ass et engersäits Mënsche mat Autismus, déi schonns eng gréisser Autonomie hunn, fir kënnen eleng oder an enger klenger WG vum max. 3 Leit ze wunnen, punktuell déi Ënnerstëtzung ze ginn déi si brauchen (zBsp Gestioun vun hire Finanzen, administrativen Ugeleeënheeten, Fräizäitgestaltung asw...). Anersäits hëlleft dir och bei der Gestaltung vun engem flotten inklusivem Fräizäitprogramm fir all Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg. Dir schafft vill autonom, sidd awer agebonnen an eng Equipe, mat där dir permanent am Austausch sidd.

Mir bidden Iech :
E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.  
Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.  
Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?  
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?  
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ? 

Go back

1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Contact person
Marc De Geert

Go back

Apply online

Please calculate 9 plus 5.

Go back